D‘Energiepräisser klammen uechter ganz Europa riicht weider. Besserung ass den Ament awer net a Siicht.

EU-Rot Energiepräisser Diskussiounen / Rep. Annick Goerens

Net just d‘Verbraucher, ma och d‘Ekonomie fuerderen d‘Politik op endlech z'agéieren. Lescht Woch war de Sujet och um Ordre du Jour vum EU-Sommet zu Bréissel, ma d‘Diskussioune koumen op kee gréngen Zweig. E Méindeg sollen d‘EU-Energieministeren dofir hei zu Lëtzebuerg weider no Léisunge sichen.

D‘Hausse vun den Energiepräisser stellt d‘EU viru gréisser strategesch Froen. Wéi sou dacks, si sech d‘Memberlänner och hei net eens, well se ebe ganz ënnerschiddlech vun dëser Hausse concernéiert sinn. Déi eng fuerderen eng gemeinsam Léisung, déi aner jäizen nees no méi Atomkraaft an nach anerer stellen den europäeschen „Green Deal“ a Fro mat deem jo méi soll op erneierbar Energië gesat ginn.

Eng Reform vum europäeschen Energie-Marché, wéi se ënner anerem vu Frankräich a Spuenien gefuerdert gouf, ass awer mëttlerweil och schonn nees vum Dësch. E Sonndeg hu sech nämlech néng EU-Memberlänner an engem Positiounspabeier dogéint ausgeschwat. Däitschland, Éisträich, Dänemark, Lëtzebuerg, Estland, Finnland, Irland, Lettland an Holland hoffen domadder den Afloss vum Gaspräis op de Stroumpräis ze reduzéieren. Deen ëmmer méi deiere Präis vum Bensinn, vum Masutt, vum Gas a vum Stroum géing nämlech vun internationale Facteuren ofhänken an dofir sollt een elo net an d‘Gestioun vun europäeschen Energiemarchéen agräifen, sou d‘Argumentatioun vun den néng EU Memberlänner.

Eng aner Propos, déi lescht Woch um EU-Sommet gemaach gouf, fir géint déi héich Energiepräisser virzegoen, war, dass d‘EU selwer soll Gas akafen a stockéieren. D‘EU-Kommissioun wëll dës an aner Propose bis am Dezember um nächsten EU-Sommet gepréift hunn an och d‘Organisatioun vum europäeschen Energiemarché ënnert d‘Lupp huelen. D‘EU Kommissioun huet donieft hire Support fir déi Memberlänner ugekënnegt, déi scho mat Steiererliichterungen um Stroum oder anere finanziellen Hëllefen, fir méi aarm Stéit reagéiert hunn.

A Frankräich gëtt iwwerdeems weider iwwert den Ausbau vun Atomkraaft diskutéiert. Enger neier Etüd no soll de Bau vun neien Zentrale fir Paräis de bëllegste Wee sinn, fir bis 2050 Klimaneutralitéit z‘erreechen. Donieft misst awer och ganz massiv an erneierbar Energien investéiert ginn, sou heescht et weider. Aktuell kënnt am Hexagon iwwregens ronn 70 Prozent vum Stroum, deen verbraucht gëtt, aus Atomkraaftwierker, bis 2035 soll dësen Undeel vum Atomstroum op 50 Prozent reduzéiert ginn.