D’EU-Kommissioun hat den US-Internet-Konzern bestrooft, well e verschidde Produiten, dorënner déi eegen, a senger Sichmaschinn bevirdeelegt hätt.

D’europäesch Riichter hunn e Mëttwoch de Moien hei zu Lëtzebuerg d’Aschätzung vun der EU-Kommissioun bestätegt, datt Google géint fair Konkurrenz an déi sougenannt «anti-trust» Reegele verstouss huet. Google kann nach an Appell géint d’Urteel goen.