Den Impfstoff vun der franséisch-éisträichescher Firma Valneva soll vun nächstem Joer un an der EU ze kréie sinn.

Wéi et de Mëttwoch heescht, huet d'EU-Kommissioun ee Kontrakt ënnerschriwwen, déi d'Liwwerung vu bis zu 60 Milliounen Dosisse bannent den nächsten zwee Joer virgesäit. 27 Milliounen am Joer 2022 an d'Optioun op méi Dosissen am Joer drop.

D'Viraussetzung ass allerdéngs, datt déi europäesch Medikamentenagence EMA de Vaccin vu Valneva zouléisst. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet betount, de Vaccin kéint un d'Corona-Varianten ugepasst ginn. De sougenannten "Totimpfstoff" mam Numm VLA2001 benotzt eng änlech Technologie wéi d'Impfunge géint d'Gripp a kann och an normale Frigoe gelagert ginn, wat ënnert anerem den Transport méi einfach mécht.

Am Oktober hat Valneva scho "positiv" Resultater aus der drëtter Phas vun der Etüd gemellt. De Vaccin wier méi wierksam wéi dee vun AstraZeneca an allgemeng gutt ze verdroen. Valneva ass elo schonn déi aachte Firma, mat där d'EU ee Kontrakt fir d'Liwwerung vu Corona-Impfstoff ofgeschloss huet.