Déi staatlech Fluggesellschaft Belavia huet e Fluchverbuet, dee vun e Freideg u gëllt, no engem entspriechendem Uerder aus Ankara verhänkt.

Persounen aus Syrien, dem Irak an dem Jemen dierfen deemno net aus der Tierkei a Belarus fléien. Dat huet d'Airline e Freideg selwer matgedeelt.

D'EU wërft dem belarussesche President Alexander Lukaschenko vir, als Reaktioun op Sanktioune Migranten aus dem Noen Osten un d'Grenze vun den EU-Staate Lettland, Litauen a Polen ze schleisen. Opgrond vum Verdacht, datt Minsk bei de Flüchtlingsflich Hëllef vu weidere Länner hätt, huet Bréissel Drock op e puer Staate gemaach, dorënner och d'Tierkei.

Donieft preparéiert d'EU eng Verschäerfung vun de bestoende Sanktiounen. Ënnert anerem sollen dës sech géint ronn 30 Loftfaartgesellschaften, Reesbüroen oder aner Responsabele riichten, déi Belarus beim Schleise vu Flüchtlingen a Richtung EU ënnerstëtze géifen.