D'EU-Ausseministere beroden e Méindeg zu Bréissel iwwer weider Sanktioune géint d'Land.

Am Flüchtlingskonflikt mat Belarus wëllen d'EU-Ausseminister den Drock op Minsk erhéijen. Den däitsche Bundesausseminister Heiko Maas huet e Méindeg virun de Berodunge mat sengen EU-Kolleegen zu Bréissel gesot, et géif een d'Sanktioune weider verschäerfen. Och den EU-Aussebeoptraagte Josep Borell huet "en neie Sanktiounspak" annoncéiert.

Deemno kéinten och Persounen a Fluchgesellschafte viséiert ginn, déi hëllefen, Flüchtlingen a Belarus ze bréngen. D'Europäesch Unioun reprochéiert dem Lukaschenko-Regime, express Flüchtlingen aus dem Noen Oste kommen ze loossen, fir se dann an d'EU ze schleisen.

Dausende Flüchtlinge sinn dowéinst schonn un der EU-Baussegrenz blockéiert. Et wier d'Revanche fir déi aktuell EU-Sanktioune géint Belarus.

De Maas huet och "haart Wirtschaftssanktiounen" net méi ausgeschloss.