Am September eréischt hat d'Weltgesondheetsorganisatioun hir Recommandatiounen a Saache Knascht an der Loft méi streng gemaach.

Géife sech d'Memberstaaten un dës halen, wieren et nëmmen hallef esouvill Doudesaffer, sou d'EAA. D'Agence ënnersträicht awer och, datt sech d'Loftqualitéit an der EU verbessert hätt.