Negociateure vum Europaparlament an den EU-Staaten hunn e Kompromëss fonnt, dee bei 169,5 Milliarden Euro läit, déi verplangt kënne ginn.

Mat deem Geld sollen ënnert anerem déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona-Kris ofgefiedert an de Klimaschutz gefërdert ginn. Ee vun de Sträitpunkte war jo och d’Fuerderung vum EU-Parlament no 300 neie Mataarbechter, déi gebraucht géife ginn. Och dodra wier ee sech eens ginn a Stroossbuerg géif déi zousätzlech Leit elo kréien.