D'Riichter hunn eng Reegelung am polnesche Justizsystem fir net valabel erkläert.

Et geet drëm, datt de Justizminister, dee parallel Procureur général ass, keng Riichter vun héije Strofgeriichter kann ofsetzen.

D'Kriminaliséierung an Ungarn vu Leit, déi Flüchtlingen hëllefen, ass dann och net rechtskonform. En entspriechend Gesetz vum Ministerpresident Viktor Orban géing géint EU-Recht verstoussen, sou d'Riichter um Kierchbierg.