Iwwerdeems den Europadeputéierte Charles Goerens vun engem gudde Kompromëss schwätzt, kritiséiert déi gréng Politikerin Tilly Metz den Text.

En Dënschdeg huet dat Europäescht Parlament hire „Feu vert" fir déi nei PAC ginn. Dës soll d'Agrikultur an der EU méi gréng gestalten. Oppositioun kënnt vun de Gréngen an enger lénker Partei, déi den neie Mesurëpak als „Greenwashing" verurteelen.

No méintelaangen Diskussiounen hate sech d'Negociateuren aus de Memberlänner an aus dem Parlament am Juni op eng nei "Politique Agricole Commune" gëeenegt. Am Januar 2023 wäert dës a Kraaft trieden. Den Europadeputéierte Charles Goerens schwätzt vun engem gudde Kompromëss:

„D'Alternativ zu dëser Agrar-Reform ass eng Agrar-Revolutioun. Mir wëssen, datt esou Revolutiounen ëmmer an enger Katastroph ausgaange sinn. Dat war 1919 a Russland de Fall, hei si Leit erhéngert. Änleches hu mer a China gesinn. Dat heiten ass eng Evolutioun. Mir fänken net, un Efforten ze maachen. Mir fuere weider. Mir mussen eis do kloer un d'Klimaziler vu Paräis halen. Och d'Landwirtschaft huet do eng Flicht. Déi, déi mengen, et misst ee méi wäit goen, musse sech och kloer ginn, datt déi Agrarreform och eng Zoumuddung ass fir d'Landwirtschaft. Vill Kulture wäerte vun eisen Akere verschwannen, wann de Planzeschutz an deem Niveau weidergefuer gëtt."

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet zu Stroossbuerg am Plenum d'Garantie fir Resultater vermësst a mat hirer Fraktioun géint d'Reform gestëmmt:

„Et ass näischt an dësem Text virgesinn, dat een dozou zwéngt, sech mussen un déi Ziler ze halen, déi schonn an der „Farm-to-Fork" oder an der Biodiversitéitsstrategie virgesi sinn. Dat heescht, do ass de facto, an dat soe mer vun Ufank un, eng Inkoherenz an der gemeinsamer Agrarpolitik entstanen,  déi op alen Texter baséiert."

E Budget vun 387 Milliarden Euro ass bis 2027 ageplangt. Quasi en Drëttel vum Budget pluriannuell vun der EU. 270 Milliarden dovu sinn direkt Hëllefe fir Persounen an der Landwirtschaft. Virun allem Frankräich profitéiert vum neie Mesurëpak.

D'Reform gesäit Primme fir Bauere vir, déi bei ëmweltschounende Programmer deelhuelen. Bis Enn 2021 muss all Memberland dann och en detailléierte Plang presentéieren, deen d'Asetze vun de europäesche Fonge preziséiert.