Mat den zwee grousse Gesetzespäck "Digital Services Act" an "Digital Markets Act" wëll d'EU Entreprisë wéi Facebook, Google an Amazon reguléieren.

Zanter Jore probéiere sech Staaten op der ganzer Welt d'Silicon-Valley-Entreprisen ze reguléieren. Deemnächst wëll och d'Europäesch Unioun mat zwee grousse Gesetzespäck nees probéieren, d'Muecht vun de Firmen ze reguléieren.

En Donneschdeg soll den EU-Staaten-Rot seng Verhandlungspositioun bei béide Gesetzer festleeën. Tech-Entreprisë wéi Google a Facebook sollen ënnert der Warnung vun héije Strofe méi Flichten operluecht kréien, déi d'Rechter vun de Verbraucher besser schütze sollen. D'EU kéint domat - wéi scho beim Dateschutz - weltwäit Standarde setzen an den Internet veränneren.

Wourëm geet et en Donneschdeg konkreet?

Déi fir de Wirtschaftsraum a Concours zoustänneg Minister vun den EU-Staaten treffe sech zu Bréissel, fir iwwert hir Positioun iwwert den "Digital Services Act" (DSA) an den "Digital Markets Act" (DMA) ofzestëmmen. D'Gesetz iwwert digital Marchéen soll dobäi de Pouvoir vun e puer groussen digitalen Konzerner wéi Google, Facebook an Amazon aschränken. D'Gesetz iwwer digital Servicer geet déi gesellschaftlech Fren un, wéi den Ëmgang mat illegalem Contenu am Internet.

Wat bedeit d'Gesetz fir App-Storen?

Grondsätzlech sinn d'EU-Staaten no un de Proposen vun der EU-Kommissioun. Den DMA zielt op Gatekeeper am Netz, déi grouss Auswierkungen op d'Wirtschaft bannent der EU hunn. Esou Wiechter wéi Apple oder Google kënne mat hiren App-Storen doriwwer bestëmmen, wéi eng Apps sech duerchsetzen oder nëmme schwéier op de Smartphone vun hire Clientë landen.

D'EU gesäit vir, datt Plattforme wéi Sichmaschinnen a sozial Netzwierker mat op d'mannst 45 Milliounen aktiven Notzer de Mount an der Europäescher Unioun oder 10.000 Geschäftsclienten zu esou Gatekepper gehéieren. Dës mussen et dann ënner anerem erméiglechen, dass Apps, déi scho virdrun um Handy installéiert waren, och desinstalléiert kënne ginn. Donieft dierfe si hire eege Produiten an Offeren net méi favoriséieren an kengem verbidden, déi selwecht Offer enzwousch anescht méi bëlleg unzebidden.

Wéi sollen d'Verbraucher virun Manipulatiounen am Internet geschützt ginn?

Hei ass d'Zil, dass dat, wat offline verbueden ass, och online ze verbidden, esou z.B. de Verkaf vu gefälschte Produiten oder illegal Haassried. Dobäi gëllt: Wat d'Plattform méi grouss ass, wat et méi Reegele gëtt. Nei ass, dass d'EU-Staaten sougenannt manipulativ "Dark Pattern" verbidde wëllen. Dës sinn Reklammen, déi als normale Contenu getarnt sinn oder oniwwersiichtlech Privatsphär-Astellungen, déi d'Verbraucher zu onerwënschten Entscheedungen drängen oder täusche kënnen. Als Strofen si bis zu sechs Prozent vum Joresëmsaz virgesinn.

Wéi geet et elo weider?

Éier den DMA an den DSA Realitéit ginn, mussen d'EU-Staaten an d'Parlament sech nach op eng gemeinsam Linn eenegen. D'Parlament muss heivir awer fir d'éischt nach hire eege Positioun bestëmmen, wat Mëtt Dezember geschéie soll. Ënnert der franséischer EU-Rotspresidentschaft sollen d'Verhandlungen dann an der éischter Hallschent vum Joer 2023 ofgeschloss ginn.

D'Entreprisen kritiséieren d'Gesetzespäck dann elo schonn deelweis. Apple no kéint den DMA d'Sécherheet an d'Privatsphär vun den iPhone-Notzer a Gefor bréngen, wann den Download vun Apps aus anere Plattformen erzwonge gëtt. Facebook warnt da virun ze strikte politeschen Oploen, déi dreeën Innovatiounen ofzewiergen.