Nodeems d'Ema dem Vaccin am Mee gréng Luucht ginn hat fir den Asaz bei Jugendlechen iwwer 12 Joer, koum elo d'Recommandatioun fir Kanner vu 5 bis 11 Joer.

Vaccin fir Kanner ab 5 Joer - Reportage Claude Zeimetz

Dat huet d'Europäesch Medikamentenagence en Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt. D'Dosis wäert bei Kanner ënner 12 Joer allerdéngs méi niddreg ausfalen (10 µg amplaz 30 µg). Béid Dosisse wäerten an engem Intervall vun 3 Woche gesprëtzt ginn.