D'Maschinn vun der EU-Grenz-Autoritéit Frontex soll evitéieren, datt professionell Passeure probéiere Migranten a Groussbritannien ze bréngen.

Dat gouf e Sonndeg op enger Reunioun vun enger Partie EU-Länner, der EU-Kommissioun an enger Rei europäeschen Administratiounen festgehalen.

De Rendez-vous war decidéiert ginn, nodeems d'lescht Woch 27 Flüchtlingen am Äermelkanal erdronk sinn.