"Mir sollte méiglecherweis iwwer eng obligatoresch Impfung an der EU nodenken", sot d'Ursula von der Leyen e Mëttwoch zu Bréissel.

D'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von Leyen huet sech dofir ausgeschwat, eng allgemeng Corona-Impfflicht an der Europäescher Unioun préiwen ze loossen. D'Kommissiounscheffin begrënnt hir Iwwerleeunge mat der Verbreedung vun der neier Omikron-Variant a well ronn een Drëttel vun den EU-Bierger a Biergerinne bis ewell nach net géint de Coronavirus geimpft ass.

Bréissel huet e Mëttwoch de Mëtteg och confirméiert, datt de Vaccin vu Biontech a Pfizer fir Kanner ënner 5 Joer un eng Woch éischter geliwwert gëtt wéi geplangt. An zwar den 13. Dezember. Fir Lëtzebuerg sinn an dëser éischter Liwwerung eng 18.000 Dosisse virgesinn.