Google Datenzenter an Europa. Zu Lëtzebuerg gëtt kontrovers diskutéiert. An der Belsch, bei Mons gëtt weider ausgebaut.

Zanter Juli 2017 huet de Projet vu Google hei zu Lëtzebuerg en Daten Zenter ze bauen, scho fir ganz vill Diskussioune gesuergt. Den amerikaneschen Internet Gigant huet effektiv och en Terrain vun 33,7 Hektar zu Biissen kaf. Viru gutt engem Joer gouf et do am Gemengerot gréng Luucht fir de PAP. Zanterhier ginn et awer kaum nach Nouvellen. Anescht wéi an der Belscher Wallonie. Do baut Google weider aus. E fënneften Datenzenter schéisst den Ament bei Mons, zu Saint Ghislin aus dem Buedem. E weideren Terrain vun 52 Hektar hunn d'Amerikaner bei Charleroi kaf.

Google an d'Wallonie. « Une longue histoire d’amour » , sou den Titel an enger belscher Zeitung. Experte ginn dervun aus datt Google zanter 2007 iwwer zwou Milliarden Euro an der Belsch investéiert huet. Firwat d’Belsch, firwat d’Wallonie.

"Firwat net", sou d'Äntwert vum Frédéric Descamps. An de Manager vun den Datenzenter zu Saint Ghislain erkläert weider firwat den amerikaneschen Internet Gigant sech virun iwwer 10 Joer fir de Site bei Mons entscheet huet: " Hei hu mer virop en Terrain fonnt, dee grouss genuch war. (85 Hektar déi Haut praktesch ganz bebaut sinn) Doriwwer eraus gouf et do och ee relativ einfachen Accès un d'Stroumnetz. Genuch Waasser fir d'Datenzenter ze killen. An et gouf en Accès un d'Glasfaser. "

An déi selwecht Viraussetzunge bréngt elo en zweete Site an der Wallonie mat sech, bei Charleroi.

De Grond firwat en Enn vun der Succes-Story net a Siicht ass. Knapps 70 Kilometer vu Saint Ghislain ewech, huet den amerikaneschen Internet Gigant am Hierscht e weideren Terrain kaf. Dës Kéier 52 Hektar. Zu Farciennes, bei Charleroi. Um Terrain vun der leschter Kuelegrouf, déi an den 80er Joren an der Wallonie zou gemaach huet a wou déi Regional Intercommunale IGRETEC neien, potenziellen Investisseuren an Tëschenzäit reegelrecht d’Bett gemaach huet. Ugefaange mat der Sanéierung vum Site. Wou eleng scho 50 Milliounen Euro investéiert goufen.

"Ons Politik ass kloer. Mir wäerten Industriefrichen op, fir nei Aktivitéitszonen ze schafen. Dat hëlt zwar méi Zäit an Usproch. Kascht och méi deier. Ma déi Politik kënnt awer och besser beim Bierger un. " Sou de Renaud Moens, de Generaldirekter vun IGRETEC am RTL Interview.

D’Basis-Versuergung u Waasser, Stroum a Glasfaser sinn um Ecopole vu Farciennes haut schonn disponibel. Eng Entreprise mat Uspréch kéint bannent gutt 6 Méint hier Baugeneemegung hunn. Am prezise Fall vu Google Datenzenter sinn awer och an der Belsch Delaien anerer. D'Uspréch fir Datenzenter sinn eeben anerer.

"Et lafen nach Gespréicher mat de verschiddene Fournisseuren. Virop d'Elektresch, hei mussen nach Detailer geléist ginn. Ech ginn dervun aus datt a 4 bis 5 Joer dat alles gekläert misst sinn." sou de Renaud Moens vun IGRETEC weider.

Effektiv spille Froe ronderëm den Energieverbrauch och an der Wallonie eng grouss Roll. D’Waasser fir ze kille kann zu Farciennes direkt aus der Sambre geholl ginn. A Punkto Elektresch gräifen déi Responsabel vu Google op déi selwecht Argumentatioun wéi zu Lëtzebuerg zeréck.

"Jidder Kilowatt deen iwwer d'Leitunge bei eis era kënnt, gëtt wéi eng eedel Matière behandelt. Mir gi mat Respekt mat der Energie ëm. Wat d'Energie-Effizienz ubelaangt, sou si mir Google mat ënnert de Beschte klasséiert. An eis Ekippe schaffen drun, fir konstant d'Effikassitéit nach ze verbesseren", sou de Frédéric Descamps, Manager vun den Datenzenter zu Saint Ghislain.

Spatze Mënchen gëtt an der Regioun vu Charleroi kee gemaach. Mat den Erfarunge vu Saint Ghislain am Hannerkapp.

"Mir hoffen hei zu Farciennes en neien Ecosystem ronderëm de Site vu Google ze schafen, sou wéi dat ons viru Jore mat de Biotech am Norde vu Charleroi gelongen ass." De Generaldirekter vun IGRETEC, Renaus Moens, stécht grouss Hoffnungen an den neie Client vum Ecopôle. Op deem nach eng 90 Hektar fir weider Entreprisë fräi sinn. D'Wallonie huet Platz fir nei Industrieprojeten, ouni d'gréng Wiss ze verbauen. Ouni Zweiwel e groussen Atout.