Wéinst der héijer Nofro huet d'Europäesch Unioun eng Commande vu weideren 200 Milliounen Dosisse vum Corona-Impfstoff an Optrag ginn.

Dat hu Biontech a Pfizer e Méindeg matgedeelt. Mat dëser Commande ass d'Zuel vu bestallten Impfdosisse fir d'Joer 2022 op iwwer 650 Millioune geklommen. Mat abegraff an der Bestellung sinn och potentiell Impfstoffer, déi der Omikron-Variant ugepasst goufen, ouni dass zousätzlech Käschten entstinn.

Déi 200 Milliounen Dosisse sinn Deel vun enger Kafoptioun, déi Bréissel mat béide Konzerner ausgehandelt hat. Am Mee hat ee sech op en Ofkommes mat der EU fir eng Liwwerung vun 900 Milliounen Dosisse fir d'nächst an iwwernächst Joer gëeenegt - inklusiv eng Optioun op weider 900 Milliounen Dosisse Vaccin.