Gutt 5 Joer sinn et hier, datt déi brittesch Populatioun sech fir en Austrëtt aus de Europäescher Unioun entscheet huet.

Haut ass Groussbritannien raus a muss sech kaum nach un EU-Reegelen halen. Bis dohin awer war et eng politesch Schwéiergebuert. For better or worse, fir besser oder méi schlecht Konditiounen bleift erauszefannen – d‘Changementer awer huelen esou lues u Form un.

D‘Chrëschtdagsgeschäft… dat leeft an de Librairien. Kaum verwonnerlech – all Joers gi weltwäit eng 400 Millioune Bicher verkaf. E Groussdeel dovu ronderëm d‘Feierdeeg. Dëst Joer awer war et eng Inflatioun fir den Drock aus Groussbritannien – Brexit säi Dank.

Paul Ernster, Librairie Ernster:

„Wat d‘Buch méi laang enzwousch läit, wat d‘Fraise méi héich sinn, wann et mam Camion oder mam Schëff op Lëtzebuerg kennt. Dofir sinn d‘Bicherpräisser geklommen. Et ass dacks net méi de Präis, deen hannendrop vun den Englänner virginn ass a Pond, mee e gutt Stéck méi.“

Dobäi kënnt, datt d‘Liwwerunge deels extreem Retarden hunn. Op spezifesch Commandë waart de Clients mol gär e puer Méint. Fir de Bicherstock ze garantéieren, hu sech d‘Fournisseuren eng missen afale loossen.

„Normalerweis bestelle mir alles direkt an England an da schécken déi dat op Lëtzebuerg. De Problem ass hei, datt d‘Commande deels laang op der Douane läit an et sinn immens vill Paperassen. Fir dat ze ëmgoen, huet ee groussen Zouliwwerer eng Lagerhal a Nordfrankräich opgemaach.“

Ëmmer méi brittesch Entreprisen verlageren Deeler vun hiren Aktivitéiten an Europa fir Problemer an héije Käschten aus dem Wee ze goen.

Käschten, déi och duerch d‘Liwwerungen entstinn a well hei méi administrativ Aarbecht ufält – och fir Betriber aus Lëtzebuerg.

Pitt Ney, Wallenborn-Transports:

„D‘Situatioun ronderëm den Eurotunnel huet sech gréisstendeels normaliséiert. Mir hunn heiansdo nach Waardezäiten fir eriwwerkommen, mee déi gréissten Ëmstellung ass déi nei Administrativ Aarbecht. Mir hu méi Dokumenter op der Douane auszefëllen virun, datt mer an England fueren a wa mer nees zeréck kommen.“

3 Persounen hu missen nei agestallt fir sech ëm d‘Paperassen ze këmmeren. Dat 24 Stonnen laang. 7 Deeg op 7. E weidere Käschtepunkt.

D‘Aarbecht fir d‘Chaufferen ass déi nämmlecht bliwwen. Just, datt manner a Groussbritannien eran, mee méi eraus geliwwert gëtt. Dat huet awer e spezifesche Grond.

„Mir gesinn, datt et duerch de Brexit eng Penurie u Chaufferen an England gëtt. Immens vill vun hinne sinn duerch de Brexit Heem an hir Heemechtslänner am Oste vun Europa geplënnert. Mee d‘Chauffere brauche och e Pass, fir a Groussbritannien ze fueren. Dat si vill Schwieregkeete beieneen.“

E Grond, deen dofir gesuergt huet, datt a Groussbritannien dëst Joer zum Deel Panik ausgebrach ass. Regaler a Supermarchéë sinn eidel bliwwen. De Bensin gouf duerch Panikakeef knapp.

Trotz engem „last-minute“-Deal, deen d‘lescht Joer fir Hellegowend zustane koum, waren et chaotesch Méint an der EU-UK-Relatioun.

Besonnesch chaotesch awer fir Groussbritannien – eleng dëst Joer sinn d‘Exporter vun der Insel ëm 2,8% agebrach. Bis 2023, esou Prognosen vun der  British Chamber of Commerce, leien d‘Exporter nach ëmmer 14,9% (32 Milliarden Euro) ënnert dem Niveau vu virun der Pandemie.

Cindy Tereba,Directrice Affaire Internationales vun der Chambre de Commerce:

„Dat zesummen mat de ganzen Handels-, Import an Exportbarrièrë féiert zu engem grousse Problem an deem Secteur.“

Laangfristeg kéint Groussbritannien esou 4% vun hirem PIB verluer goen. Duerch de Verloscht vum Passport-System, also den direkten Accès op den EU-Bannemart, hu sech och vill Entreprisen aus dem Finanzsecteur déi lescht Méint a Richtung Lëtzebuerg orientéiert.

„Dat sinn zum Beispill Entreprisen aus dem Asset-Management oder aus der Versécherungsindustrie. Mir gesi ganz konkret, datt JP Morgan zum Beispill, Aktivitéiten op Lëtzebuerg verlagert huet.“

95 Entreprisen si an der Suite vum Brexit op Lëtzebuerg komm. Dat si 17% vun de ganze Re-Lokatiounen vu britteschen Entreprisen an d‘EU.