Ronn eng Woch nom Massaker am Myanmar mat iwwer 30 Doudegen huet sech d‘EU elo - wéi d‘USA - fir een internationale Waffenembargo fir d‘Land ausgeschwat.

Mam Bléck op déi rezent Gewalt, bräicht et elo preventiv Mesuren, sou den EU-Chef-Diplomat Josep Borrell.

De 24. Dezember goufen am Oste vum Myanmar op d‘mannst 35 Persounen, dorënner Fraen a Kanner an och zwee Membere vun der internationaler Hëllefsorganisatioun „Save the Children“ ëmbruecht.

Am Februar hat de Militär am Land mat engem Putsch d‘Muecht vun der Regierungscheffin Aung San Suu Kiy iwwerholl an domadder déi ganz kuerz Phas vun der Demokratiséierung vum südostasiatesche Land gestoppt. D‘Protester géint dëse Putsch goufe brutal ënnerdréckt. D‘EU an d‘USA hunn nom Putsch Sanktioune géint de Militär-Regime en place gesat an all d‘Finanzhëllefe goufe gestoppt.