D'Biergerinitiativ "Stop Finning - Stop the Trade" fuerdert en Enn vum Handel mat Haifëschflossen an der EU.

Fir den Ament kënnen Haifësch an Europa ëmmer nach industriell gejot ginn. Virun allem hir Flosse si beléift a landen ënnert anerem an Zoppen. Fir d'Déieren ass dëse Commerce awer besonnesch brutal - d'Haifësch ginn dacks net dout gemaach, mee kréien hir Flosse bei liewegem Leif ofgeschnidden. Well si dann net méi schwamme kënnen, fale si bis op de Mieresgrond, wou si da lues a lues erstécken oder vun aneren Déiere gefriess ginn.

Eng Rei EU-Länner gehéiere souguer zu deenen Natiounen, déi mat déi meeschten Haifësch weltwäit fänken. An dobäi geet och bei den Haien d'Populatioun ëmmer weider erof.

Domat soll awer elo Schluss sinn. D'EU-Biergerinitiativ huet an enger Petitioun bannent kuerzer Zäit eng Millioun stëmme fir de Stopp vum der Haifëschhandel gesammelt, esou datt d'EU-Kommissioun sech mat der Fuerderung auserneesetze muss.

Nach bis den 31. Januar kann d'Petitioun ënnerschriwwe ginn. Zu Lëtzebuerg huet d'Petitioun bis e Freideg 3.226 Ënnerschrëfte kritt.