Dëst ass virun allem am Kader vun der Ukrain-Kris relevant.

D'Kris tëscht der Ukrain a Russland un der ukrainescher Grenz dominéiert den EU-Ausseminister-Conseil zu Bréissel, sou datt d'diplomatesch Krisen-Diplomatie an eng weider Woch geet. Dobäi wëllen e Méindeg d'EU zesumme mat den USA mat enger Stëmm vis-à-vis vum russesche Pouvoir schwätzen an der Ukrain de Réck stäipen.

Wann de Risk vun engem militäresche Konflikt awer imminent gëtt, sinn d'EU-Memberlänner prett hir Ambassaden zu Kiew z'evakuéieren.

Wéi et de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn bei senger Arrivée e Méindeg de Moien an der belscher Haaptstad sot, wier richteg op déi russesch "Kuliss vun der Menace" reagéiert ginn, u Moskau wier et lo e Prozess vun Diskussioun anzeleeden, sou datt et net dierft zu weidere Provokatiounen a souguer engem Krich mat der Ukrain kommen...

De Jean Asselborn am Interview

Krich ass allemol keng Léisung fir de Jean Asselborn, och wann de Sputt fir diplomatesch Demarchen ëmmer méi kleng gëtt...de Lëtzebuerger Diplomatievertrieder eMéindeg de Moien am Live-Interview um Deutschlandfunk....

De Jean Asselborn dem Deutschlandfunk géigeniwwer

Russland ass allemol fir alles preparéiert an huet massiv Truppen un der Grenz mat der Ukrain stationéiert. Rieds geet vun engen 100.000 Zaldoten, Panzeren, Artillerie a Missilen.

De Weekend iwwer war gemellt ginn, datt Moskau kéint probéieren no engem Amarsch an der Ukrain e pro-russesche President zu Kiew un de Pouvoir ze bréngen.

Moskau huet dës Nouvellen als cibléierte Komplott an Desinformatioun zeréckgewisen.

D'NATO mécht sech allemol prett fir eng eventuell Eskalatioun an huet weider Kampffligeren a Schëffer an d'Ostséi grad wéi an osteuropäesch Länner wéi Litauen geschéckt.