D'EU-Kommissioun muss der Zouloossung nach déi gréng Luucht ginn. Dat gëllt awer als Formsaach.

Déi europäesch Medikamentenagence EMA huet en Donneschdeg d'Zouloossung vum Medikament Paxlovid accordéiert, dat schwéier Corona-Erkrankunge verhënnere kann. Et ass dat éischt Mëttel géint de Coronavirus, deen oral kann ageholl ginn.

Risikopatiente kënne sech d'Medikament no engem positiven Test verschreiwe loossen, fir ee schwéiere Verlaf ze verhënneren. Paxlovid muss da fir fënnef Deeg geholl ginn. Klineschen Etüden no ass d'Medikament zu bal 90 Prozent wierksam géint eng schwéier Erkrankung oder den Doud, wann et bannent de fënnef Deeg nom Optriede vun den éischte Symptomer geholl gouf.

Am Verglach zu anere Medikamenter kann de Patient Paxlovid ausserdeem Doheem huelen, a muss net zum Beispill fir Infusiounen an d'Spidol. D'Anti-Corona-Pëll vu Pfizer ass an den USA schonn zougelooss.