Den Ament kommen d'Regierungscheffe vun de 27 EU-Memberlänner zu Versailles fir en informelle Sommet zesummen. E Freideg ginn d'Gespréicher weider.

De Sommet ass genee op där Plaz, op där virun 103 Joer de Friddensaccord nom Éischte Weltkrich ënnerschriwwe gouf. Elo ass Europa nees am Krich. Confrontéiert mat der gréisster Flüchtlingswell zanter dem Zweete Weltkrich.

Déi grouss Prioritéit ass et, esou séier wéi méiglech eng Wafferou an der Ukrain z’erreechen. De President vum Europäesche Conseil, de Charles Michel, rifft d’Staats- a Regierungscheffen op, zesummen ze halen.

"Sanktiounen hëllefe villäicht, datt hei en Dialog zustane kënnt", esou de Xavier Bettel zu Versailles. De Lëtzebuerger Premier huet bei senger Arrivée zu Versailles d’Engagement vun de Leit ervirgestrach, déi eng ganz grouss Solidaritéit weisen.

"Et soll een net ëmmer de Regierungen op d’Schëller klappen, hei sinn et d’Leit, d’Bierger déi immens Solidaritéit weisen. D’Bierger hu méi gemaach, wéi verschidde Politiker den Ament", esou de Premier.

Wat de Krich u sech ubelaangt, wier et wichteg, de Kontakt ze halen. Mam ukrainesche President géif de Xavier Bettel jidder Dag a Kontakt stoen. De Lëtzebuerger Premier wëll och bannen den nächsten Deeg nach emol mam Vladimir Putin telefonéieren. Et misst ee "schwätzen, schwätzen, schwätzen" fir eng Léisung ze fannen. "Den Ament stierwen all Dag Leit. Dat ass inacceptabel", esou de Premier.

Wat den Impakt vum Krich op d’Bierger an Europa, zu Lëtzebuerg ubelaangt, sou huet de Premier ënnerstrach datt eng Tripartite zesumme komme soll: "De Portmonnie vun de Bierger, vun den Entreprisen dierft net am meeschte mat ënnert dem Krich an der Ukrain leiden."

Europa soll sou séier wéi méiglech manner ofhängeg vu fossillen Energien, Pëtrol a Gas ginn. Mat virop Bléck op Moskau. Dat geet net vun Haut op Muer, sou de Xavier Bettel. Op d’zukünfteg Roll vun der Atomenergie am sougenannten "Green Deal", äntwert de Premier dëst: "Wann den Här Macron seet e géif gär Atom bauen, dann ass dat an 20 Joer. D’Leit hätte gär Äntwerten elo."

Den Nuklear wier net d’Léisung. Mir géife wëssen, datt en net sécher ass, net nohalteg. Eng vun de gréisste Suergen, déi mer elo an der Ukrain haten, war déi: wat geschitt mat den Zentralen, wann déi bombardéiert ginn? D’erneierbar Energië wieren eng Léisung. Ma dat géif och Zäit brauchen.

E weidert Thema um Sommet hei zu Bréissel ass d’Europäesch Verdeedegung.

Hei missten déi verschidden Europäesch Staaten méi zesumme schaffen. D’Suen misste besser ausgi ginn an et dierft een net 40 verschidde Systemer hunn. Et dierft een net, wie fréier Regierungen, Material kafen, wat een net benotzt. Lëtzebuerg wëll wieder méi enk mat der Belsch zesumme schaffen. Et géif een och u gemeinsame Projete mat Frankräich schaffen. De Premier hätt och e Gespréich mam neien Däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz gehat: "Op Defense-Säit wäert an Zukunft, mat der aktueller Situatioun, sécher net gespuert ginn."