Sollt d'EU-Kommissioun Recht behalen, kéint eng héich Geldstrof op Apple duerkommen - bis zu 10 Prozent vun hirem weltwäite Joresëmsaz wiere méiglech.

D'EU-Kommissioun geheit dem Tech-Ris Apple vir, den Accès zu enger Technologie fir kontaktlos Iwwerweisungen op Smartphonen esou ageschränkt ze hunn, datt den eegene Service Apple Pay domadder bevirdeelegt gëtt.

Apple Pay ass eng Zort "mobille Portmonni", mat deem ee mat sengem Smartphone Suen iwwerweisen a Rechnunge bezuele kann. Wéi et vun den "Wettbewerbshüter" vun der EU-Kommissioun heescht, géifen et éischt Hiweiser dorop ginn, datt Apple den Zougang zu wichtegen Technologië fir Drëtter ageschränkt hätt, obwuel dëst fir d'Entwécklung vun anere mobille Bezuelservicer wichteg gewiescht wier.

D'Vizepresidentin vun der Kommissioun fir digital Ugeleeënheete Margarethe Vestager sot dozou: "Fir d'Integratioun vun den europäesche Bezuelmarchéen ass et wichteg, datt de Verbraucher d'Virdeeler vun dengem konkurrenzbaséierten an innovativen Ëmfeld ze gutt kommen."

Apple hätt säi Service Apple Pay op onlauter Aart a Weis virun der Konkurrenz geschützt.

"Sollt dëst Verhale bewise ginn, géing dëst op de Mëssbrauch vun enger marchésdominéierender Positioun erauslafen, wat eise Reegelen no illegal ass."

An enger éischter Reaktioun huet Apple e Méindeg erkläert, datt Apple Pay just eng vu ville Bezueloptioune wier. Et géing ee weiderhi mat der Kommissioun zesummeschaffen.