D’EMA rechent mat enger Zouloossung vun engem Omikron-Impfstoff virum Hierscht, dat heescht bis spéistens Enn September.

Déi gréisste Chancë fir en ugepasste Vaccin hätten den Ament Moderna a Biontech. Mä och aner Firme géifen dru schaffen. D’EMA, déi Europäesch Medikamentenagence, rifft och net-geimpfte Leit op, sech virum Hierscht a Wanter impfen ze loossen. Nëmme 50% vun den Europäer wäre bis ewell komplett geimpft a geboostert.

15% vun den erwuessenen Europäer si guer net geimpft.