Den Europadag markéiert den Dag vun der Schuman-Erklärung. De Fridden an d'Eenheet vun Europa soll op dësem Dag gefeiert ginn.

Ze verdanken hu mir d'Europäesch Union dem Zweete Weltkrich. Nodeems de Krich den 8. Mee 1945 offiziell als eriwwer gegollt huet, war e groussen Deel vun Europa zerstéiert a vill Leit hu gelidden. Eng Partie Politiker a Länner ware sech eens, dass dëst net nach eng Kéier geschéien dierft.

Sou gouf am Abrëll 1949 schonn d'NATO als Sécherheetsallianz gegrënnt an e Mount drop den Europarot mam Zil, d'Mënscherechter an d'Rechtsstaatlechkeet ze schützen. Eng Partie europäesch Länner wollte sech awer weider ofsécheren.

De 9. Mee huet alles ugefaangen

Den 9. Mee 1950 huet de fréiere franséischen Ausseminister Robert Schuman d'Schuman-Erklärung zu Paräis ofginn. Dëst gëllt offiziell als Gebuertsstonn vun der Europäescher Unioun. Dem Robert Schuman seng Iddi war et, d'Kuel- an d'Stolindustrie vun den europäesche Länner ze vereenen. Esou wollt een e weidere Krich tëscht de Rivale Frankräich an Däitschland verhënneren. D'Stol- an d'Kuelenindustrie zesummenzeschléisse sollt e weidere Krich "net nëmmen ondenkbar, mä och materiell onméiglech" maachen, wéi et an der Schuman-Erklärung heescht. Dat, well d'Länner da keng Krichswaffe méi hierstelle konnten, fir dës géint aner Länner anzesetzen.

1951 hunn 6 europäesch Länner den EGKS-Vertrag (Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol), dee sech op de Schuman-Plang baséiert, ënnerschriwwen. Dozou gehéieren Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Holland, d'Belsch an Italien.

Erfolleg vun EGKS-Vertrag fërdert d'Zesummenaarbecht

Zënter e puer Joer leeft d'Kuelen- an d'Stolindustrie vun dësen 6 europäesche Länner vereent an dat mat Erfolleg. Esou, dass déi 6 Länner entscheeden, och an aneren wirtschaftleche Beräicher zesummenzeschaffen. Am Joer 1957 ginn dann zwee weider Verträg ënnerschriwwen. D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft an d'Europäesch Atomgemeinschaft gi gegrënnt.

Den 19. Mäerz 1958 ass dann d'Gebuertsstonn vum Europäesche Parlament. Eng éischte Kéier kommen zu Stroossbuerg Politiker aus deene 6 Länner op der Europäescher Parlamentarescher Versammlung zesummen, wou de Robert Schuman dann zum President vum Parlament gewielt gëtt.

Vill Fortschrëtter an de 1960er Joren

An den 60er Jore leeft d'Wirtschaft gutt. Duerch eng gemeinsam Agrarpolitik an eng Fräihandelsassociatioun gëtt ënnert anerem d'Liewensmëttelproduktioun zesumme kontrolléiert. Dobäi kënnt, dass déi 6 Länner Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Holland, Belsch an Italien den Zoll beim Handel ënnertenee fale loossen.

Am Joer 1965 kënnt et zu enger grousser Fusioun. D'Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol, d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft an d'Europäesch Atomgemeinschaft ginn zu enger grousser Gemeinschaft. Vun do un gëtt et fir dës Gemeinschafte just nach eng gemeinsam Verwaltung (Kommissioun) an eng Exekutiv (Rot).

D'Europäesch Gemeinschaft gëtt méi grouss

Weider Länner wëlle sech der Europäescher Gemeinschaft uschléissen. 1973 trieden Dänemark, Irland an d'Vereenegt Kinnekräich der Gemeinschaft bäi. Zur selwechter Zäit gëtt Europa vun enger Uelegkris getraff. Dëst féiert dozou, dass sech an der finanzieller Zesummenaarbecht an der Europäescher Gemeinschaft eppes deet.

Nëmmen ee Joer méi spéit gëtt dann tatsächlech e Fond vun de Staatscheffe vun deene mëttlerweil 9 Länner ageriicht. Sënn an Zweck vun dësem Fond ass et, dass déi méi räich Länner déi aarm bei Besoin finanziell ënnerstëtzen.

Ëmmer méi Demokratie an Europa

Aus fréieren Diktature ginn ëm 1974-1975 Demokratien. Dat ass a Griichenland, Portugal an Spuenien de Fall. Ma och an der Europäescher Gemeinschaft gëtt Demokratie grouss geschriwwen. 1979 dierfen d'Bierger vun der Gemeinschaft eng éischte Kéier direkt d'Membere vum Europäesche Parlament wielen.

Am Joer 1981 gëtt Griichenland dann dat 10. Land vun der Europäescher Gemeinschaft. 1986 komme Portugal a Spuenien dobäi. Nodeems 1989 d'Berliner Mauer fält, gëtt och Ost-Däitschland Deel vun der Europäescher Gemeinschaft.

Aus der EG gëtt d'EU

1992 gëtt de Vertrag vu Maastricht ënnerschriwwen, deen 1993 a Kraaft trëtt. Hei gëtt aus der Europäescher Gemeinschaft dann offiziell d'Europäesch Unioun. Deemools gouf dann och schonn iwwert eng gemeinsam Wärung geschwat. Dat huet awer nach e puer Joer gedauert. Réischt 2002 gouf den Euro als Boergeld an der EU genotzt.

D'EU vergréissert sech weider. Finnland, Éisträich an Schweden trieden der Europäescher Union 1995 bäi. D'Unioun erstreckt sech iwwert bal ganz Westeuropa.

Am selwechte Joer gëtt och d'Schengen-Ofkommes ënnerschriwwen. En Ofkommen, wat d'Grenzen uganks a siwe Länner opmécht. Doduerch gouf en einfacht Reesen tëscht dëse Länner ouni Grenzkontrollen erméiglecht.

D'Europäesch Unioun Stand Haut

72 Joer no der Gebuertsstonn vun der Europäescher Unioun, gehéieren zu der EU mëttlerweil 27 Staaten.

RTL

© RTL Grafik

Lëtzebuerg ass awer dat eenzegt d'Land, wou "d'Gebuert" vun der zukünfteger EU e gesetzleche Feierdag ass. Dëst gëllt awer réischt zënter 2019. Och haut nach fënnt een zu Lëtzebuerg eng ganz Partie wichteg europäesch Institutiounen, dorënner den Europäesche Geriichtshaff.

Groussbritannien ass da bis ewell dat eenzegt d'Land, wat aus der Unioun ausgetrueden ass. Scho viru siwe Joer haten d'Britten an engem Referendum fir en Austrëtt gestëmmt. Am Joer 2020 gouf dëst dunn offiziell.