D'Ukrain muss de Statut vum Bäitrëttskandidat kréien, fir datt Verhandlunge iwwerhaapt opgeholl kënne ginn.

D'EU-Kommissioun wëll d'Demande fir de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'europäescht Unioun nach am Juni bewäerten. Domadder entscheet sech, ob d'Ukrain offiziell en EU-Bäitrëttskandidat ka ginn.

Dat huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Méindeg op Twitter bekannt ginn. Fält d'Aschätzung zu Bréissel positiv aus, kéint d'Ukrain doropshin de Statut als EU-Bäitrëttskandidat kréien, wann alleguerten d'EU-Staaten zoustëmmen.

Dëse Statut ass eng Viraussetzung, fir dass d'Verhandlungen iwwert de Bäitrëtt an d'EU iwwerhaapt opgeholl ginn. Aus russescher Siicht kéinten dës Verhandlungen och erëm als Provokatioun gesi ginn.