Jonk Belsch a 16 a 17 Joer al Leit aus aneren EU-Memberstaaten, déi an der Belsch wunnen, kënne vun dëser neier Reegelung profitéieren.

D'Inneministesch Annelies Verlinden huet annoncéiert, dass fir d'Europawalen 2024 de Walalter vun 18 op 16 Joer erofgesat gëtt. En Donneschdeg den Owend huet dat belscht Parlament gréng Luucht fir dës Ännerung ginn. Domat huet eist Nopeschland eng Propos vun der europäescher Zukunftskonferenz ëmgesat, un där sech honnerten EU-Bierger bedeelegt haten.

No Éisträich, Griicheland a Malta ass d'Belsch dat véiert EU-Land, dat de Walalter fir d'Europawalen erofsetzt.

"Andeems mir jonke Mënschen d'Méiglechkeet ginn, sech aktiv un eiser Demokratie ze bedeelegen, erméigleche mir et hinnen, sech Gehéier ze verschafen an hiren Interessi fir Politik ze fërderen", sou d'Inneministesch Annelies Verlinden.