Enger Eurostat-Etüd no hunn EU-wäit ronn 41% vun de Jonken en Diplom vun enger Héichschoul oder enger Uni an der Täsch. Lëtzebuerg stécht besonnesch eraus.

Am Joer 2021 haten zu Lëtzebuerg ronn 63 Prozent vun de Leit tëscht 25 a 34 een Diplom. Domat läit de Grand-Duché net just wäit iwwert dem EU-Schnëtt vun 41 Prozent, mee souguer direkt un der Spëtzt vun allen anere Memberlänner. Op der zweeter Plaz kënnt direkt hannendrun Irland mat 62 Prozent.

Déi Lëtzebuergesch Nopeschlänner Belsch a Frankräich leien op der sechster, respektiv der siwenter Plaz mat all Kéiers ronn 51 Prozent. Wäit ofgeschloe kënnt Däitschland op der 22. Plaz mat ronn 36 Prozent. Domat läit d'Bundesrepublik nach ënnert dem EU-Zil, dat bis 2030 den Taux vun de Leit mat Uni- oder Héichschoulofschloss bei 45 Prozent wëll gesinn. Bal d'Hallschent vun de Memberlänner hunn dëst Zil elo schonn erreecht.

Méi Frae wéi Männer mat Diplom

EU-wäit goufen et an der Alterskategorie tëscht 25 a 34 Joer vill méi Frae mat Ofschloss, wéi Männer. Vun 2019 op 2021 ass de Schnëtt bei de Frae vu 45 Prozent op 46,8 Prozent geklommen. Bei de Männer haten am Joer 2021 allerdéngs just ronn 35,7 Prozent een Diplom. Och beim Taux vun de Leit, déi hir Etudes Secondaires ofgeschloss hunn, louchen d'Fraen 2021 virun de Männer. Allerdéngs war den Ecart mat 87,3 Prozent zu 82,1 Prozent do manner grouss.

Zu Lëtzebuerg ass den Taux vun de Jonken tëscht 20 a 24 Joer, déi op d'mannst hir Sekundaretüden ofgeschloss hunn, iwweregens EU-wäit mat am nidderegsten. De Schnëtt an der EU louch 2021 bei 84,6 Prozent, zu Lëtzebuerg waren et der just 76,6 Prozent. Just Dänemark läit mat 75,4 Prozent nach hannendrun.