
All wichteg Stroossen an der EU solle bis 2025 Elektro-Opluedstatiounen hunn. Op den Autobunne soll et op d’mannst all 60km där séier Lued-Bornë ginn.
Bis 2030 sollen op de wichtegen europäesch Stroossen och Elektro-Opluedstatioune fir Camione stoen.
D’Transportministeren aus den EU-Memberlänner hu sech um Donneschdeg dorobber gëeenegt. Et wier e staarkt Signal fir d’Constructeure vu Camionen, op de Wee vun der Elektromobilitéit ze goen, huet et geheescht.
Och soll et op deene Stroosse Waasserstoff-Tankstelle ginn, gesinn d’Pläng vun der EU vir.
Bis 2050 wëll d’EU klimaneutral ginn. Bis 2030 solle 55% manner CO2-Emissiounen ausgestouss ginn. De Verkéier ass fir méi wéi ee Véierel vun den EU-Emissioune responsabel.