Dat huet de President vum EU-Conseil um Donneschdeg den Owend matgedeelt. Georgien dogéint muss sech nach gedëllegen a krut Konditioune gesat.

D'Meldung koum géint 20.20 Auer vum EU-Sommet zu Bréissel. De ganzen Dag gouf iwwert d'Bäitrëttskandidaten diskutéiert. Ënnert anerem Éisträich a Slowenien haten nach kuerzfristeg gefuerdert, dass och Bosnien Herzegowina mat op d'Lëscht vun de Bäitrëttskandidate soll kommen. Déi Demande gouf awer net zeréckbehalen. Just d'Ukrain a Moldawien goufen zeréckbehalen.

D'EU erkennt d'Efforte vu béiden Natiounen un a gëtt hinnen eng konkret Perspektiv, fir an d'EU opgeholl ze ginn. Domadder wéilt een och Russland net provozéieren, sot de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg den Owend am RTL-Interview. Et wéilt een net stëppelen, mä et wiere Kandidature vu Länner, déi eng moralesch Ënnerstëtzung bréichten, an et wéilt ee se ënnerstëtzen an hirem Choix, méi no un Europa erunzekommen.

De Charles Michel huet vun engem historeschen Dag geschwat.

Georgien krut Konditioune gestallt, a muss deemno nach e puer Hausaufgabe maachen, éier een als Bäitrëttskandidat consideréiert ka ginn.

No der Decisioun vun der EU gouf den ukrainesche President Selenskyj am Sall vum Conseil via Video bäigeschalt. Hien huet ënnert anerem dem Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel Merci fir säin Asaz gesot. Dem Premier säin Dynamismus géif hien inspiréieren, esou de Selenskyj.

EU-Sommet / Reportage vum Pierre Jans

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet vun engem Signal vun der Hoffnung an dëse schwéieren Krichszäiten fir d'Bierger vun deenen dräi Länner geschwat.

Et ass net ëmmer sou einfach zu Bréissel, mä an dëser Fro waren um Enn déi 27 Memberstaaten mat am Boot. Dass d'EU-Kommissioun recommandéiert, de Status vum Kandidat fir d'Ukrain u gréisser Reformen ze knäppen, hat um Enn och dat skeptescht Holland iwwerzeegt. An der Ukrain leeft der Kommissioun no nach laang net alles riicht. Vun enger schwaacher Rechtsstaatlechkeet a Pressefräiheet ass rieds, och vu Korruptioun. Et si grouss Baustellen, a bis d‘Ukrain, Moldawien an eventuell och Georgien Deel vun der Unioun ginn kann et Joren daueren.

Dofir huet den albanesche Ministerpresident Edi Rama den Äifer vun den deene Länner direkt gebremst. Hie weess vu wat e schwätzt. D‘Bäitrëttskandidaten Albanien an Nordmazedonie waarden zanter Joren op Verhandlungen.

Edi Rama: "Nordmazedonien ass zanter 17 Joer Kandidat, wann ech mech net verzielen. Albanien zanter 8 Joer. Wëllkomm Ukrain. Et ass gutt, hinnen de Statut vum Kandidat ze ginn. Ma ech hoffen, datt d'ukrainescht Vollek sech net ze vill Illusioune mécht."

De Problem mat Nordmazedonien: D'Nopeschland Bulgarien, dat den Ament an enger déiwer Regierungskris stécht, blockéiert d‘Verhandlungen mat Nordmazedonien. Sofia hält drop, dass d'Nopeschland senge Fuerderungen a Saachen Ëmgang mat Minoritéiten a Sprooch zum Beispill nogëtt.

Den elo fréiere Premier Kiril Petkow huet annoncéiert de Veto opzehiewen. Allerdéngs gouf seng Regierung eréischt dës Woch mat engem Mësstrauensvott gestierzt. Hien ass zwar bis déi nächst Walen nach am Amt. Am opgespléckten Parlament kéint sech souguer eng Majoritéit fannen, fir de Veto opzehiewen, an da kéint Nordmazedonien och nach en Thema um Freideg zu Bréissel ginn, wou et u sech och ëm d'Energieversuergung soll goen.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel: „Loosst si mol ofstëmmen an da kucke mir weider. Wann et positiv ass, dann ass all Optioun do. Ech ka mir virstellen, dass den Här Petkow sech d'Wuert freet, wann de Vott a senger Chamber positiv ass. Ech sinn awer net President vum Conseil. Ech weess net wéi et weidergeet. Gëschter war d'Fro vum Westbalkan um Ordre du Jour. Haut net.

D'Diskussioun iwwer d‘Staate vum Westbalkan ass alles anescht ewéi eriwwer. Bei der Entrevue vun den EU-Spëtzten mat deene Staate war de Progrès kleng. Bosnien-Herzegowina hätt de Status vum Bäitrëttskandidat gären. De Kosovo hofft op Vereinfachungen bei Visa-Demanden fir deng Bierger. Ma och si si mat eidelen Hänn heemgaangen.

Dass esou e Prozess och an enger Sakgaass kann op en Enn goen, weist de Fall vun der Tierkei. D'Land huet schonn zanter 1999 de Kandidatestatus. 2005 waren d'Bäitrëttsverhandlunge lassgaangen, leien awer mëttlerweil zanter Joren op Äis, well aus Bréisseler Perspektiv d'Entwécklungen am Land éischt onbefriddegend sinn.