Et ass no 2009 elo fir d‘zweete Kéier, dass d‘Land dës wichteg Funktioun vum Virsëtz vum Rot vun der EU iwwerhëlt.

Tschechesch EU-Rotspresidentschaft - Rep. Annick Goerens

Vun e Freideg un iwwerhëlt déi Tschechesch Republik fir déi nächst 6 Méint d'EU-Rotspresidentschaft. Dominéiert wäert d‘Agenda virun allem duerch den Ukrain Krich ginn.

Well genee dat ass och ënnert der franséischer Presidence geschitt, déi vum 1. Januar un d'Rudder iwwerholl hat an dunn am Februar vun der russescher Invasioun vun der Ukrain iwwerrascht gouf. Trotzdeem hätt een seng geplangten Ziler nach versicht sou gutt wéi méiglech ëmzesetzen erkläert déi franséisch Ambassadrice fir Lëtzebuerg Claire Lignières-Counathe: „Les réponses à apporter à la guerre en Ukraine nous ont permis d‘accélérer les avancées vers une Europe plus souveraine. Parce que nous avons besoin en Europe d‘avoir des instruments qui vont permettre de continuer à être prospère, mais aussi de transformer nos économies en raison de la crise climatique, de transformer nos économie vers une Europe plus sociale. Et aussi de retisser ces liens avec les citoyens européens et en même temps d‘assurer la sécurité de notre continent.“

Déi tschechesch Presidence huet sech elo fënnef Prioritéite gesat, déi – ouni grouss Iwwerraschung – alleguer a Relatioun sti mam Ukrain-Krich. D’Konsequenz vun der Flüchtlingskris déi een zanterhier erlieft an och eng eventuell Nokrichs-Rekonstruktioun, géing der tschechescher Presidence besonnesch um Häerz leien, erkläert den tschecheschen Ambassadeur fir Lëtzebuerg Vladimir Bärtl: „Mir hunn scho bal 400,000 temporär Statutten [statut de protection temporaire vun der EU n.d.l.r.] un Immigranten ausgestallt an dat si bal 4 Prozent vun der Bevëlkerung vun der Tschechescher Republik. Donieft hunn mir natierlech och selwer Erfarung mat der Presenz vu russeschem Militär an der fréierer Tschechoslowakei. Virun enger Woch hate mer nach gefeiert, dass mer virun 31 Joer déi lescht russesch Zaldoten heem geschéckt hunn, no iwwer 23 Joer Occupatioun. Dofir kënne mir eis net just op déi territorial Integritéit vun der Ukrain fokusséieren, mä mir verstinn och wéi wichteg et ass fir d‘Land nees opzebauen. Iwwer 110 Sitten déi mir 1991 vun der sowjetescher Arméi zeréckkruten, ware polluéiert, zerstéiert an sou weider. An dat war mol net de Krich, ma just d‘Arméi déi occupéiert huet. Mir hunn dofir vill Sympathie mat den Ukrainer a wëllen hëllefen.“ (Aus dem Engleschen iwwersat)

Weider Prioritéite vun der tschechescher Presidence sinn d‘Sécherheet vun der Energie-Versuergung an dem Cyberspace, déi europäesch Verdeedegungscapacitéiten opzestocken an déi europäesch Ekonomie  souwéi déi demokratesch Institutioune méi resilient ze maachen.

De Virsëtz vun enger EU-Rotspresidence ass immens wichteg, well se ganz signifikativ ass fir dat wat zu Bréissel geschitt a wat an Europa decidéiert gëtt, erkläert d‘Anne Calteux vun der Representatioun vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg: „Mir hunn engersäits den Aarbechtsprogramm vun enger Kommissioun, mee de geet net weider wann d‘Memberstaaten net mat drun schaffen. An d‘Presidence huet am Fong als Zweck, als Zil fir déi Aarbechten ze facilitéieren, tëscht de Memberstaaten, awer och tëscht de Memberstaaten mat der Kommissioun. An dann awer och d‘Aarbecht mam Europaparlament. Dat heescht si huet ganz vill Aarbechten ze maachen an si muss kucken dass duerno jiddwereen d‘Accord ass mat den Haaptiddien déi um Dësch leien.“

E groussen Defi deemno, besonnesch an der aktueller Zäit, den elo bis Enn Dezember op de Schëllere vun der Tschechescher Republik läit.