Déi zoustänneg EU-Gesondheets-Autoritéite recommandéieren eng 2. Opfrëschungsimpfung fir all d'Leit iwwer 60 Joer. Dat deelen d'ECDC an d'EMA mat.

En Vue vun enger neier Corona-Well wier en zweete Booster sënnvoll fir Leit iwwer 60 a fir Persoune mat Virerkrankungen. Et sollt een elo keng Zäit verléieren, sou d'EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides.

Zu Lëtzebuerg gëtt et am Moment d'Recommandatioun fir een zweete Booster fir Leit iwwer 70 Joer.