
D'EU-Kommissioun stellt béide Länner zu Bréissel den offizielle Kader vun de Verhandlunge vir.
An engem éischte Schrëtt préift d'Kommissioun, ob dat nationaalt Recht vun deenen zwee Länner un d'EU-Virschrëfte muss ugepasst ginn.
Nom Bäitrëttsprozess kënnen elo déi eigentlech Verhandlungen e puer Joer daueren a bei Problemer och erëm gestoppt ginn.
Bulgarien hat d'Verhandlunge bis ewell wéinst engem Sträit mat Nordmazedonien blockéiert. Dee Konflikt ass eréischt e Méindeg offiziell fir geléist erkläert ginn.
Am meeschte gelies