D'Weltgesondheetsorganisatioun rifft Europa dozou op, sech besser géint d'Verbreedung vun der Omikron-Variant vum Virus ze preparéieren.

D'Länner misste méi Rappell-Impfungen offréieren an d'Leit erëm encouragéieren, d'Mask méi dacks unzedoen, esou de WHO-Regionaldirekter fir Europa. Virop Leit iwwer 60 Joer missten elo hiren zweete Booster kréien an net op adaptéiert Impfstoffer waarden.

D'Omikron-Ënnervariant BA.5 géif sech aktuell ganz séier verbreeden. Deemno misst alles gemaach ginn, fir z'evitéieren, dass d'Gesondheetssystemer op en Neits iwwerlaascht ginn oder d'Wirtschaft erëm misst an de Lockdown goen. Déi viregt Woch wiere bal 3 Milliounen Nei-Infektiounen an Europa registréiert ginn.