Am Sträit ëm Douanes-Reegele fir Nordirland huet d'EU-Kommissioun elo 4 weider Infraktiounsprozedure géint Groussbritannien lancéiert.

Wéi d'Kommissioun e Freideg schreift, hätten déi 27 Memberstaaten ëmmer rëm un déi brittesch Regierung appelléiert, sech un den negociéierten Nordirland-Protokoll am Kader vum Brexit-Accord ze halen.

London wëll sech net méi un deen Accord halen, dee virgesäit, dass tëscht den zwou Inselen Douaneskontrolle musse gemaach ginn, obschonn Nordirland op där enger Insel jo zum Rescht vu Groussbritannien op där anerer Insel gehéiert. Dës Reegele goufen allerdéngs esou festgehalen, fir dass déi historesch sensibel Grenz tëscht Nordirland an dem EU-Member Irland kann opbleiwen.