De Plang gesäit vir, dass alleguerten d'EU-Staaten hire Gasverbrauch vun Ufank August bis Mäerz 2023 fräiwëlleg ëm 15% reduzéieren.

Wéinst dem Krich an der Ukrain huet d'Russland jo d'Gasliwwerungen un d'EU drastesch gekierzt. Den EU-Noutfallplang gesäit vir, dass iwwer déi nächst Méint manner Gas soll an de Memberstaate verbraucht ginn. D'EU-Länner sollen hire Gasverbrauch deemno vun Ufank August bis Mäerz d'nächst Joer fräiwëlleg ëm 15% reduzéiere par rapport zu de leschte fënnef Joer wärend dem selwechten Zäitraum.

Als Zil huet sech d'EU gesat, dass 45 Milliarde Kubikmeter Gas solle gespuert ginn. Fir d'15-Prozent-Zil z'erreechen, misst eleng Däitschland 10 Milliarde Kubikmeter manner verbrauchen.

Falls net genuch gespuert gëtt, kéint d'EU an engem nächste Schrëtt verbindlech Spuer-Ziler decidéieren. Dofir bréicht et allerdéngs d'Zoustëmmung vun op d'mannst 15 EU-Länner, déi zesummen op d'mannst 65% vun der Bevëlkerung an der Europäescher Unioun ausmaachen. Gläichzäiteg hu sech Länner wéi Italien a Spuenien Ausname vun de Spuer-Ziler ausgehandelt a wëlle manner wéi 15 Prozent spueren.

A Spuenien ginn zum Beispill Klimaanlagen erofgedréit an d'Luuchten ausgemaach. Et ginn nei Limitten, op wéi eng Temperaturen dierf gekillt, respektiv gehëtzt ginn. All ëffentlech Gebaier, mä och Butteker, Kinoen, Supermarchéen, Aarbechtsplazen, Hotellen oder Garen a Fluchhäfen däerfen an Zukunft am Summer op net manner wéi 27 Grad erofgekillt ginn, am Wanter héchstens op 19 Grad erop. Dës Mesurë musse spéitstens eng Woch, nodeems se publizéiert sinn, ëmgesat ginn a gëlle bis den 1. November 2023. D'Luuchten a Büroen, vun Ausstellungsfënstere vu Butteker a vun Denkmaler mussen owes um 22 Auer ausgoen.

Lëtzebuerg bréngt am Kontext vun der Energie-Kris eng Rei Mesuren op de Wee, deelt den Energieministère mat.
Ënner anerem kënnt eng Circulaire mat Instruktiounen eraus, fir an ëffentleche Gebaier méi spuersam mat der Energie ëmzegoen. Och d'Gemenge sollen op eng änlech Manéier mat agebonne ginn. Dann ass ee mat den Acteuren aus der Ekonomie a Kontakt, fir ze kucken, wat d'Entreprisë kënne maachen. Fir d'Bierger gëtt am September eng Campagne lancéiert. Am Moment fënnt een och scho Spuermesuren op www.energie-spueren.lu.