Dat beseet en Rapport vun EU-Klima-Experten, déi sech zu Bréissel ebe genee mam Phänomen vum ze dréchene Wieder befaassen.

A 17 Prozent vum EU-Gebitt géif aktuell schonns den Alarmzoustand gëllen, dee sech katastrophal op d'Vegetatioun an d'Landwirtschaft auswierkt.

Am meeschte betraff wieren dauerhaft déi iberesch Hallefinsel, Südfrankräich, awer och d'Slowakei, Ungarn a Rumänien.

Elo ass schonns kloer, dass d’Joer 2022 dat dréchenst an Europa wäert ginn, an de leschte 500 Joer.