Net nëmmen d'Wieder mécht aktuell an Europa Suergen, och d'Wirtschaft dréint net immens.

Dat weist sech ënnert anerem um Cours vum Euro. D'Gemeinschaftswärung ass e Méindeg zäitweis op den déifsten Niveau zanter dem Aféieren 2002 gefall, mat just nach engem Wäert vun 0,9951 par Rapport zum US-Dollar.

Als Ursaach gëllen déi aktuell Energiekris, déi schlecht Konjunktur-Prognosen awer och den Zëns-Niveau, deen an den USA méi héich ass.