Domadder kënnen déi modifizéiert Corona-Virus-Impfungen elo och an der Europäescher Unioun agesat ginn.

Déi Europäesch Medikamentenagence EMA léisst nei Vaccine géint Covid-19 fir den europäesche Marché zou. Dat huet d'Agence en Donneschdeg de Mëtteg wësse gedoen. Dës nei Impfstoffer vun de Firmae Biontech/Pfizer a Moderna wieren och fir d'Omikron-Variant BA.1 adaptéiert.

Wéi et op Nofro vum Gesondheetsministère heescht, sollen déi éischt Liwwerungen vum neie Vaccin géint Enn der Woch zu Lëtzebuerg ukommen. Déi genee Modalitéite géifen nach vun den zoustännegen europäeschen Autoritéiten gekläert ginn, heescht et weider. Weider Detailer sollen nach säitens der Regierung kommen, wann dës gewosst sinn.

Wéi et aus Däitschland heescht, kéinten d'Vaccine déi nächste Woch geliwwert ginn. Mëtt August hat déi brittesch Medikamentenagence dem Vaccin vun Moderna schonn den Accord ginn. Béid Vaccine sollen esouwuel géint déi Stamm-Variant vum Virus, wéi och géint d'Omikron-Variant BA.1 wierken.

An den USA goufe béid Vaccine mat enger "Urgence-Zouloossung" op de Marché bruecht.