D'EU-Kommissioun huet zwee Impfstoffer, déi der Omikron-Variant ugepasst goufen, zougelooss. Am Virfeld hat d'EMA hir Recommandatioun erausginn.

U sech war et just eng Formsaach. Nom Feu-vert vun der Europäescher Medikamentenagence huet och d'EU-Kommissioun déi zwee nei Omikron-Impfstoffer vu BioNTech a Moderna zougelooss. Domat kënnen d'Vaccinen elo an der EU an den Asaz kommen.

Wéi et vun der EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides heescht, hätt d'EU-Kommissioun e puer Stonnen no der EMA hir Entscheedung getraff. Bei de Vaccinen handelt et sech ëm bivalent mRNA-Präparater, déi virum urspréngleche Sars-CoV-2-Virus an der Omikron-Sublinn BA.1 schütze sollen.