D'Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns ëm 0,75 Prozentpunkten op elo 1,25 Prozent an d'Luucht gesat. De Prêt op der Bank gëtt deemno méi deier.

EZB erhéicht de Leetzëns - Reportage Marc Hoscheid

Um Donneschdeg huet déi Europäesch Zentralbank annoncéiert, datt de Leetzëns vun 0,5 op 1,25 Prozent gehéicht gëtt. Sou vill wéi nach ni an hirer Geschicht. Domat reagéiert d'EZB op déi héich Inflatioun am Euroraum. Dës Decisioun huet och Auswierkungen op déi lëtzebuergesch Finanzplaz. Froen dierfte sech och Stéit stellen, déi een Immobiliëprêt lafen hunn.

Mat dëser historesch Hausse hofft een op déi ablécklech Rekordinflatioun anzewierken. D'Inflatiounstauxen wieren einfach ze héich, seet de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch am RTL-Interview. Virun deem Hannergrond wier et en dramatesche Feeler d'Zënsen elo net däitlech an d'Luucht ze setzen. An den neiste Projektiounen leet d'Präisdeierecht dëst Joer souguer nach weider zou.

Gaston Reinesch: "Ech hunn eng Meenung dozou, mä de Moment huet dat net vill Sënn esou eng Meenung ze soen, well mir kucke jo all Reunioun, op Basis vun den aktuellsten Informatiounen an Zuelen, Reunioun pro Reunioun, wat ass dee Moment néideg, fir dass mer à moyen terme d'Präisstabilitéitszil erreechen. An dat hänkt dann natierlech vu ville Facteuren of."

Gaston Reinesch: Incertitude ass einfach ze grouss

Do nennt de Gaston Reinesch zum Beispill de Krich an der Ukrain an d'Energiepräisser. De Moment wier déi Onsécherheet einfach ze grouss.

De Reproche, d'EZB hätt ze laang gewaart, fir géigenzesteieren, léisst de Gaston Reinesch net gëllen. De Krich an der Ukrain hätt alles op d'Kopp geheit. D'Normalisatioun vun der Geldpolitik hätt och schonn Enn zejoert ugefaangen.

De kompletten Interview mam Gaston Reinesch

D'Hausse vun den Zënsen ass eng Annonce, déi all d'Leit mat engem gutt gefëllte Spuerbuch freeë wäert an deene mat engem Prêt d'Schweessdrëpsen op d'Stier dreiwen dierft. Déi Europäesch Zentralbank setzt den Leetzëns am Euroraum ëm 0,75 Prozentpunkten an d'Luucht. Sou eng massiv Hausse gouf et zanter der Aféierung vum Euro am Joer 2002 nach ni. D'EZB-Presidentin Christine Lagarde huet d'Rekordhausse mat der aussergewéinlecher Präisdeierecht begrënnt.

Christine Lagarde: "Mat Bléck an d'Zukunft hunn eis Mataarbechter d'Inflatiounsprevisiounen däitlech erhéicht. Fir dëst Joer gi mer vun 8,1 Prozent, fir 2023 vu 5,5 Prozent a fir 2024 vun 2,3 Prozent aus. Déi ganz héich Energiepräisser reduzéieren d'Kafkraaft vun de Leit a schränken déi ekonomesch Aktivitéit an."

D'Zil wier et, mëttelfristeg erëm een Inflatiounstaux vun zwee Prozent ze erreechen. Fir den Moment géif den Zenario de Base vun enger Stagnatioun am leschten Trimester 2022 an dem éischten Trimester 2023 ausgoen. Awer an engem negativen Zenario wier eng technesch Rezessioun net auszeschléissen. Trotzdeem ass et duerchaus méiglech, datt d'EZB de Leetzëns an deene nächste Méint weider erhéije wäert.

D'Decisioun vun der EZB huet och Repercussiounen op Lëtzebuerg. Suergen, datt vill Leit hir Immobiliëprêten net méi zeréckbezuele kënnen, mécht ee sech dem dem Gerry Grbic, CEO vun der Bankenassociatioun ABBL, no awer net.

Gerry Grbic:"An der Lescht hate mer zwee Drëttel Taux fixe an engem Drëttel Taux variable. Dat heescht ee groussen Deel vum Encours, deen um Marché ass, ass net vun där Zënshausse impaktéiert. An déi Zënsen, déi elo am Variabel eropginn, bleiwen elo an enger éischter Phase ënnert dem Niveau vum Taux fixe op zum Beispill 20 Joer."

Bei neien Demandë géingen d'Banken d'Dossieren awer wuel méi kritesch kucken. Och wann d'ABBL et begréisst, datt eppes géint déi héich Inflatioun ënnerholl gëtt, werft een der EZB vir, d'Inflatioun laang ënnerschat ze hunn. An enger éischter Phas dierft déi staark Zënsaugmentatioun bei de Banken zu méi héije Käschte féieren. D'Spuerer dierften awer domat rechnen, datt dee gréissten Deel vun der Zënshausse u si weidergeleet gëtt.