De Wee fir de fréiere Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna un d'Spëtzt vum Europäesche Stabilitéits-Mechanismus ass keen einfachen.

Déi 19 Eurogrupp-Finanz-Ministere si sech bei hirer Reunioun zu Prag bei engem éischten Ulaf net eens ginn, wien neie Chef vum Stabilitéits-Mechanismus soll ginn. Dat mellen eng Partie international Medien.

Nieft dem Lëtzebuerger DP-Mann Gramegna ass jo och nach de Joao Leão, fréiere portugisesche Finanzminister, an der Course.

Ob et um Freideg awer nach zu enger Decisioun ka kommen oder net, ass den Ament net kloer.

Wann net, dann dierft dës Personalfro den 3. Oktober bei enger weiderer Reunioun hei zu Lëtzebuerg gekläert ginn.

D'Statute gesi vir, datt ee Kandidat 80% vun de Stëmme muss kréien.

D'Mandat vum aktuellen ESM-Chef Klaus Regling leeft de 7. Oktober aus.