D’lescht Woch war den Euro fir d’éischte Kéier, zanter et e gëtt, ënnert 1 Dollar gefall. Elo läit e bei ronn 1,02 Dollar.

D’Hausse vum Euro ass zeréckzeféieren op d’Annoncë vun der europäescher Zentralbank, datt weider Zënshaussen néideg wäerte sinn, fir d’Inflatioun ze bremsen. Op der anerer Säit ass et de Progrès vun der ukrainescher Géigenoffensiv.