Am EU-Parlament gouf en Dënschdeg e Reglement guttgeheescht, mat deem d'Europäesch Unioun Responsabilitéit iwwer d'Ofholze vu Bëscher iwwerhuele soll.

Weltwäit verschwënnt de Bësch. De Konsum vun den Europäer ass zum Deel och Schold dorun: ëmmerhin 10 Prozent, déi verschwannen, ginn op d'Kap vun der EU, esou d'Vereenten Natiounen.

EU-Reglement Ofholzung / Rep. Pierre Jans

D'Parlament wëll méi wäit goe wéi d'Kommissioun. An de Rapporter vum Reglement stellt sech op zéi Negociatioune mat de Memberlänner an.

De Lëtzebuerger EU-Deputéierte Christophe Hansen vun der Europäescher Vollekspartei ass elo mol zefridden, dass den Text mat 453 Stëmme vun enger zolitter Majoritéit am Parlament ugeholl gouf.

D'Ofholze vu Bëscher ass e globale Problem. Tëscht 1990 an 2020 si ronn 420 Milliounen Hektar Bësch zerstéiert ginn. Eng Surface, méi grouss wéi d'Europäesch Unioun, betount de Christophe Hansen:

"De Problem vun der Deforestatioun ass zwar lo keen, deen an Europa immens dramatesch wär. Mir sinn awer mat responsabel iwwer déi Produkter, déi mir aus Drëttlänner importéieren. Dozou gehéiere Soja, Palmenueleg, Kaffi, Schockela, Rëndsfleesch, awer och Holz. Dat sinn d'Produiten, déi d'Kommissioun direkt op déi Lëscht gesat huet. Mir hunn déi Lëscht méi grouss gemaach mat och nach anere Produiten a Fleesch."

Schwéngefleesch a Gefligel. An nach Gummi a Mais zum Beispill.

Beim Debat huet och d'Deputéiert Delara Burkhardt vun de Sozialisten ënnerstrach, dass d'EU dréngend agéiere muss:

"Für Produkte, die in unseren Supermarktregalen stehen, werden Wälder, Steppen, Savannen und Moore auf der ganzen Welt zerstört. Wir haben uns als EU vorgenommen, hiergegen vorzugehen. Die Verantwortung dabei schieben wir nicht auf die Verbraucherinnen und Verbraucher. Wir nehmen Unternehmen in die Pflicht."

Mat enger Zort Liwwerkettegesetz:

"Wat ganz speziell ass hei: et gëtt eng Traçabilitéit agefouert, déi et esou nach net gëtt. Et kann ee wierklech bis bei d'Parzell retracéieren, wou Kaffi ugebaut gouf. Mat de Satellittebiller kann een dann novollzéien, bis wéini do e Bësch stoung a vu wéini un eng aner Kultur ugeplanzt gi war. Da kann ee kontrolléieren, ob dat e Produit ass, deen eran däerf oder net."

Dat wär natierlech e groussen Challenge fir d'Douannen an der EU, sou nach de Christophe Hansen:

"Mir mussen elo kucken, dass mir dee System iwwerhaapt un d'Lafe kréie mat deene Produiten, déi wierklech am meeschte schueden. Duerno kënne mir eng Etapp méi wäit goen. Mir däerfen op alle Fall keng Zäit verléieren."

Als Rapporter muss den CSV-Politiker elo vill Efforte maachen, fir virop de Rot vun den EU-Länner z'iwwerzeegen, dee wéi d'Kommissioun manner wäit wëll goe wéi d'Parlament.