D'EU-Geriicht huet e Mëttwochmoien eng milliardeschwéier Geldstrof vun der EU-Kommissioun géint Google an éischter Instanz validéiert.

D'Riichter hunn de Recours vum Onlinekonzern am wesentleche verworf. Google soll ronn 4,1 Milliarden Euro Strof bezuelen. Dat wéinst illegale Methoden, mat deene Google seng dominant Positioun bei den Internet-Sichmaschinne gestäerkt hätt.

D'Riichter hunn d'Strof vun der Kommissioun awer ëm 200 Milliounen Euro reduzéiert.