No der Ried zur Lag vun der Unioun vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hunn déi Lëtzebuerger Europadeputéiert op d'Käraussoe reagéiert.

Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens huet betount, datt d'Ursula von der Leyen et fäerdeg bruecht hätt, de richtegen Toun ze fannen, wat een och vun hir gewinnt wier. Méi erwaart hätt hie sech allerdéngs bei der Ausriichtung vun der Europäescher Unioun an der Zukunft, haaptsächlech op institutionellem Niveau:

En Elargissement, dat gëtt en anert Europa. An ech wéisst gär, wat fir ee Moldawien, Ukrain, Serbien, Balkan-Länner mer a wat fir enger Europäescher Unioun wëlle gesinn. Dat gëtt net einfach ze léisen. An ech mengen, dat geet net ouni ganz massiv an Decisiounsmechanismen anzegräifen. An do huet se zwar ugekënnegt, datt mer Traitéë brauchen, an e Konvent ugekënnegt, mee do, wou mer e laangen Otem brauchen, hätt et kënne méi präzis sinn.

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel huet ervirgehuewen, datt d'Solidaritéit mat der Ukrain e ganz staarke Message vun der Kommissiounspresidentin gewiescht wier:

Mä leider huet se kee Resilienz-Pak oder soziale Pak fir d'Mënsche bruecht. Dat huet mer am meeschte gefeelt. Dat Ganzt ëm de capital humain huet mer gefeelt. Bon, se huet gesot, nächst Joer wier d'Joer vun der Weiderbildung. Dëst Joer war et d'Joer vun der Jugend. Dir kënnt d'Jugend froen, do huet et u Konkretem gefeelt.

Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht, mee d'Ursula von der Leyen hätt déi sozial Konsequenzen, déi den Ukrain-Krich huet a wäert hunn, net genuch thematiséiert, huet de Marc Angel nach bedauert.

D'Solidaritéit wier ee vun den Haaptpunkte gewiescht, huet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen begréisst. Et wier awer och wichteg, datt een déi Solidaritéit géif oprechterhalen. En anere wichtege Punkt waren natierlech d'Energie- an d'Gaspräisser:

Mer kéinten zum Beispill iwwer Spuenien ganz vill Gas iwwer Algerien eranhuelen oder méi. Mee do feelen d'Interconnectioune Richtung Frankräich iwwert d'Pyrenäen. Mee do blockéieren d'Fransousen. Dat ass genee, wat se sot, do, wou Infrastrukturen am Interêt vun der Unioun musse gemaach ginn, datt déi sou schnell wéi méiglech kënne gemaach ginn.

Datt e Fokus op dem Energieberäich louch, huet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz natierlech och begréisst.

Et ass ëm d'wirtschaftlech Konsequenze gaangen. An do war natierlech e wichtege Moment, datt d'Deckelung vun de Profitter vun den Energiekonzerner 140 Milliarde géife ginn. Do muss een oppassen, wou déi Sue wierklech higinn, datt se solidaresch a gerecht verdeelt ginn. Mir hätten eis en europäesche Fong gewënscht a keen Energie-Nationalismus.

Déi Gréng hätte sech natierlech driwwer gefreet, datt d'Kommissiounspresidentin betount huet, datt ee fort misst vu fossillen Energien. Och eng Hydrogen-Bank wier dem Tilly Metz no eng interessant Iddi, wann et dann och gréngen Hydrogen wier. De Problem wier allerdéngs, datt een de Moment guer net genuch erneierbar Energien dofir hätt. Do misst also opgepasst ginn, datt net erëm a fossil Energien investéiert gëtt.