Dem EU-Parlament no wier Ungarn keng komplett Demokratie a riskéiert elo eng Kierzung vun den EU-Suen a Milliardenhéicht.

D'Kommissioun geheit Ungarn dobäi ënner anerem Korruptioun an Interessekonflikter vir. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet e Mëttwoch betount, géint Korruptioun wëlle virzegoen.

Ungarn wier ausserdeem dat eenzegt Land an der EU, wat géint de Mechanismus vum Rechtsstaat géing verstoussen. Verschidden Deputéierter hu Bréissel kritiséiert, et wier ze lues reagéiert ginn.

Éier et da wierklech zu Kierzunge kënnt, ass en Accord vun op d'mannst 15 EU-Staaten néideg, déi fir 65 Prozent vun der Populatioun stinn. Medien no kéint d'EU-Kommissioun e Sonndeg esou eng Mesure virschloen.