Mat engem neien Noutfallinstrument fir de Bannemaart wëll d'EU-Kommissioun Europa besser op Krise preparéieren.

De Gesetzesprojet, deen e Méindeg zu Bréissel presentéiert gouf, soll e Manktem u strategesch wichtege Produiten evitéieren, wéi zum Beispill bei Masken a Beotmungsmaschinne wärend der akuter Corona-Pandemie. Produzente kéinten och forcéiert ginn, virop bannent Europa ze liwweren, ier an aner Länner exportéiert gëtt.

D'EU dierft net nach eng Kéier méintelaang brauchen, fir d'Versuergung mat essentielle Produiten z'assuréieren, esou de Kommissär fir de Marché intérieur Thierry Breton. Ausserdeem wéilt een evitéieren, dass Liwwerketten op en Neits ënnerbrach ginn, well bannent der EU Grenzen zougemaach ginn.