Wéi d'Kommissioun matdeelt, goufe Prozedure lancéiert wéinst Verstéiss an de Beräicher Justiz, Fiskalitéit, Mobilitéit a Konkurrenz a Staatshëllefen.

D'EU-Kommissioun huet Lëtzebuerg elo schrëftlech formell opgefuerdert, sech konform ze setzen. Nieft Lëtzebuerg sinn och Infraktiounsprozedure géint eng Rei aner Memberstaate lancéiert oder virugedriwwe ginn.