E Freideg hu sech d'EU-Ministeren zu Bréissel gesinn, fir iwwer néi Mesurë géint d'Hausse vun den Energiepräisser ze decidéieren.

D'EU-Energieministere si sech e Freideg de Moien eens ginn, fir de Stroumkonsum obligatoresch ze reduzéieren, iwwerméisseg Beneficer vu Stroumproduzenten ze limitéieren a fir eng Zort Solidaritéitssteier fir Produzente vu fossiller Energie anzeféieren. Dat deelt déi tschechesch Presidence op Twitter mat. An Zäiten vun héijer Demande engagéiere sech d'Memberstaaten verpflichtend 5 Prozent Stroum ze spueren. Doriwwer eraus wëllen d'Länner hire Stroumverbrauch fräiwëlleg ëm 10 Prozent reduzéieren.

Energiekonzerner mussen donieft an Zukunft en Deel vun hire Krisegewënner un de Staat ofginn. Hir Recette sollen an Zukunft bei 180 Euro pro Megawattstonn gedeckelt ginn. Mam Iwwerschoss sollen um Enn d'Leit dann entlaascht ginn. Den Accord muss awer nach formell confirméiert ginn.

D'Mesuren treffen net nëmmen d'Produzente vu bëllegem Stroum aus erneierbare Sourcen, mä och Pëtrol-, Kuel a Gaskonzerner, grad wéi och Raffinerien. Déi sollen eng Solidaritéitscontributioun ginn an Héicht vun op d'mannst 33 Prozent vun hiren Iwwergewënner.

Wéi et mam Deckel um Gaspräis ausgesäit, dee 15 Memberstaate gefuerdert haten, ass nach net bekannt. E Freideg de Moie gouf et an där Fro nach keen Accord. Däitschland huet sech géint e Präisdeckel beim Gas ausgeschwat. Et dierft et net sou wäit komme loossen, datt ze wéineg Gas an Europa geliwwert gëtt. Och Lëtzebuerg huet wéinst der Versuergungssécherheet vun de verschiddene Länner Bedenken.

En Erkläerartikel zu de verschiddene Mesurë fannt Dir hei.

Däitschland, dat op europäeschem Niveau géint e Präisdeckel um Gas ass, ma en Donneschdeg selwer eng national Präisbrems decidéiert huet, steet den Ament an der Kritik. Den Energieminister Robert Habeck huet sech e Freideg de Moien dogéint ausgesprach. Och aner Länner hätte schonn national Entlaaschtungsmesuren decidéiert a betount, wéi wichteg et nach ëmmer ass, fir Gas ze spueren.

Claude Turmes begréisst Gespréicher um Sommet

De Claude Turmes am RTL-Interview

Dem Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes no wier een e Freideg gutt virukomm zu Bréissel. De grénge Minister begréisst, datt d'Memberstaaten an Zukunft Gas zesummen wëllen akafen. Et misst ee sech bewosst sinn, datt et d'nächst Joer nach méi schwéier gëtt, fir déi europäesch Gasspäicheren ze fëllen, well manner russesche Gas geliwwert gëtt wéi dëse Summer nach, sou de Claude Turmes am RTL-Interview.

Duerfir misst ee mat alternative Partner wéi den USA, Norwegen awer och Japan a Südkorea zesummeschaffen. An och Gas spueren.

Beim Stroumspuere wäert Lëtzebuerg sech mat den Nopeschlänner koordinéieren. Hei setzt ee besonnesch op d'Industrie. Dernieft wiere jo och scho Spuermesuren op Gemengenniveau notamment annoncéiert ginn, zum Beispill bei der Beliichtung.

Wéi vill Lëtzebuerg vun dësem Mechanismus konkret profitéiert, konnt den Energieminister Claude Turmes e Freideg nach net chiffréieren.

Vun de puer Wandmillen a Solaranlagen hei am Land, déi vun der Mesure betraff sinn, géif een nëmmen eng niddreg zweestelleg Milliounenzuel erakréien. Länner, déi, wéi mir, vill Stroum importéieren, hunn awer Suen vun deenen ze gutt, déi hinnen de Stroum liwweren. An et hätt een e Freideg och duerchgesat kritt, datt d'Betriber iwwer aner Weeër gehollef ka ginn, begréisst de Minister.

A Propos Stroum: D'Memberstaaten verflichten sech dozou fir 5% Stroum an de Spëtzenzäiten ze spueren. Da wann de Stroum besonnesch deier ass. Op Gemengenniveau wieren hei schonn eenzel Mesuren decidéiert, zum Beispill bei der Beliichtung. Fir de Rescht ass méi e koordinéierten Effort gefuerdert.

Offiziellt Schreiwes

Claude Turmes a participé à la réunion extraordinaire du Conseil des ministres de l'Énergie de l'UE (30.09.2022)
Communiqué par : ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire

En date du 30 septembre 2022, le ministre de l'Énergie, Claude Turmes, a participé à la réunion extraordinaire du Conseil des ministres de l'Énergie de l'UE.

Les ministres ont trouvé un accord sur des mesures d'urgence pour aider les ménages et les entreprises de l'Union européenne (UE) face à l'explosion des prix d'énergie. Les propositions présentées par la Commission européenne, visant à récupérer une partie des «superprofits» des producteurs d'énergie pour les redistribuer aux consommateurs et à imposer une réduction de la demande d'électricité aux heures de pointe, ont été validées.

Claude Turmes se félicite que le Conseil des ministres de l'UE soit parvenu à un accord politique: «Cet accord introduit des mesures d'urgence, qui visent notamment la réduction de la consommation d'électricité aux heures de pointe. Je me réjouis aussi particulièrement du plafonnement des revenus de marché excessifs des producteurs d'électricité qui ont profité des prix anormalement élevés. Ceci est une mesure de justice sociale.»

Un plafonnement des revenus de producteurs d'électricité

Le plafonnement des revenus s'adresse aux producteurs d'électricité à partir du nucléaire et des énergies renouvelables (éolien, solaire, hydroélectrique) qui profitent de bénéfices exceptionnels en la vendant à un prix très supérieur à leurs coûts de production.

Le plafond sera fixé à 180 euros par mégawattheure et la différence entre ce niveau et le prix de gros du marché doit être récupérée par les États pour être redistribuée aux ménages et aux entreprises. Pour le Luxembourg, qui est un des pays fortement importateurs d'électricité, le texte prévoit un cadre légal pour pouvoir conclure un accord bilatéral avec l'Allemagne afin de parvenir à une répartition transfrontalière équitable des revenus, en application du principe de solidarité.

Accélérer les mesures structurelles pour améliorer la sécurité d'approvisionnement énergétique

Enfin, Claude Turmes appelle à mettre en place le plus rapidement possible une plateforme européenne d'achats conjoints de gaz dans un esprit de solidarité européenne; il rappelle: «À plus long terme, nous devons accélérer sur les mesures structurelles qui amélioreront notre sécurité d'approvisionnement énergétique et feront diminuer les prix: la réduction de la consommation d'énergie et le déploiement rapide des énergies renouvelables.»