D'EU-Kommissioun wëll, dass et nach maximal ee Mount dierf daueren, fir eng Autorisatioun fir eng Solaranlag ze kréien.

Fir Wäermepompele proposéiert d'Kommissioun eng maximal Frist vun 3 Méint. Dat proposéiert Gesetz soll ee Joer laang gëllen, muss awer nach vun den eenzele Memberstaaten ugeholl ginn.